Iwwer Juma Soap - Marcel Jung

​​​​​​​

Bei der Fabrikatioun vu mengen Naturseefen huelen ech natierlech Material vu beschter Qualitéit.


Fir meng Seefeproduktioun gebrauchen ech nëmmen esouvill Stoffer wéi néideg, fir e gutt Produkt ze maachen, dat wierkt an d'Haut schount.
​​​​​​​



Meng Naturseefe ginn op kal Method fabrizéiert 
a wéinstens 4 Wochen an der Loft gedréchent.

Duerno ginn si op der Hand geschnidden, kréien hir Etiquette a gi verpaackt.

Op déi fassong ass jidfer Stéck en Unikat !


​​​​​​​

A mengen Naturseefe si :
- keng Silikonen
- keng Mineraluelege
- keng Parabenen
- keng bestrahlt Elementer

Mat Déierenexperimenter hu meng Naturseefen näischt ze dinn.

Si sinn :
- eegen Entwécklung
- eege Fabrikatioun
- deelweis vegan



Autorisatioun Nummer : ID 00037194/3 
savons-speciaux-(2).jpg
cf114acee65f45f6b630af00731d5c33.jpg